Normalerweis wär et eisen 5. Faire Brunch zesummen mat de Schüler vun der Optioun Fairtrade vum LCE…
Wéinst der Pandemie mache mir elo eisen Fairtrade Brunch als Take-away! Gitt w.e.g. an Ärer Bestellung un, wat fir eng Box mir preparéieren – Adult normal / Adult Deluxe oder Brunch Kids. Gitt eis w.e.g. och nach eng Telefonsnummer an Är Auerzait fir et ofzehuelen.
D’Bestellung kann tëscht 8h00 an 10h30 Auer matgeholl ginn.
Reservatiounen per Tel: 26784434 oder MAIL: info@berdorfer-eck.lu bis den 19.01.22!

Nach méi Detailer op eisem Flyer zesumme mam LCE Lycée Classique d’Echternach.

Hëlleft eis dobei d’Liewensmëttel Produzenten ze ënnerstetzen, an ze garantéieren, dat sie e korrekte Loun fir hir Arbëcht kréien. Mir versichen wéi emmer sou vill wéi méiglech vun eise fairtrade Referenzen an eiser Kichen ze verwenden. Ville klenge Produzenten aus Südamerika an Afrika geet et wéinst der Covid Pandemie nach méi schlecht an hir Situatioun ass onsëcher. Besonneg elo se sie op eis Hëllef ugewisen.

E grousse Merci un d’Optioun Fairtrade an d’Direktioun vum LCE an u Fairtrade Lëtzbuerg fir d’Publicitéit an d’Ënnerstezung bei iser Aktioun 🙂