vun 15h00 bis 21hoo

Sharing is caring!
An dofir luede mir iech alleguer op eis Kraiderbörs um Berdorfer Eck an!
Wann dir zevill Planzen gezunn hutt oder einfach esou gäere géift Planze stëften, da kommt bis laanscht – jiddereen den eppes matbréngt kritt ee Coupon fir e faire Kaffi oder Téi!

Gesicht gi viirun allem Kraider a speziell, seelen oder al Sorte vun allem. Dir kënnt och Ofléeër vu Planzen aus äerem Gaart matbréngen!
D’Planze kommen dann op den Daach vum Berdorfer Eck an den neie Kraidergaart (a well en Deel vum Gaart ëffentlech ass kënnt dir är Planzen och weiderhin besiche kommen 😉 ).

De 17. Mee ass Fair Friday – eng Aktioun am Kader vu Letz’ Step to Fairtrade vu Fairtrade Lëtzebuerg -an dofir ass natierlech fir fairt Iessen a Gedrénks gesuergt!

Mir hun e fairtrade vegetarëschen Basmati Reis, mat Peanut Botter an e mat Poulet op eisem Uewen ston…an natirlech och hausmacher Kuch!

Melld Iech un,  um Tel 26784434 oder  per Mail : info@berdorfer-eck.lu